Och an den Nopeschlänner gëtt dëse Sonndeg mat staarkem Stuerm gerechent.

An eisen Nopeschlänner huet de Stuerm och fir vill Annulatioune gesuergt.

Däitschland:

Am Norde vun Däitschland koum et wéinst dem Orkan "Sabine" e Sonndeg de Mëtteg schonn zu Wandstéiss vun 110 km/h. Sécherheetsmoossname goufe getraff, esou gouf de Match tëscht Borussia Mönchengladbach an dem 1. FC Köln ofgesot. Vill Fluchhäfe wéi Düsseldorf, Köln-Bonn an Hamburg hunn Flich ofgesot. Am Schwarzwald gëllt déi héchste Alerte. Do koum et och schonn zu Wandspëtzten tëscht 160 an 180 km/h. Den Zuchverkéier gouf op ville Plaze gestoppt. Och zu Köln maachen d’Schoule muer hir Dieren net op.

Belsch:

An der Belsch sinn och verschidde Fussballmatcher ofgesot ginn. Vill Flich sinn um Bréisseler Fluchhafen annuléiert ginn.

Frankräich:

A Frankräich si 42 Departementer vum Stuerm betraff. D’Fären tëscht Calais a Frankräich an Dover an England goufen och agestallt.

De Wanterorkan "Sabine" kënnt all 2 Joer vir, gehéiert allerdéngs net zu de stäerksten.