E Samschdeg géint 19 Auer gouf e Chauffer a sengem Auto ageklemmt. An der Nuecht op e Sonndeg waren eng Partie Alkoholkontrollen gemaach ginn.

Um Samschdeg géint 19 Auer koum et um CR118 zu engem Accident. De Chauffeur hat am Ausgang vu Scheedgen d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an e Bam gerannt. Hien gouf ageklemmt an huet missen aus dem Auto befreit ginn.

Weider sinn an der Nuecht op e Sonndeg op Uerder vum Parquet Alkoholkontrolle gemaach ginn. Zu Nidderkuer an zu Esch goufen am Ganzen 113 Chauffeure kontrolléiert, an 9 Fäll war den Test positiv, 4 Führerschäiner goufen agezunn.

Weider Fäll vun Alkohol um Steier:

Um 4 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass der Police zu Beefort an der Reisduerfer Strooss en Auto mat enger defekter Luucht opgefall. De Chauffeur hat gedronk. Wéinst der Luucht krut hien e Protokoll.

Um hallwer 5 e Sonndeg de Moie fréi hat eng weider Persoun een Accident an der Réimecher Strooss zu Sandweiler. D'Fra war an ee Schëld vun enger Insel gefuer. Si gouf net blesséiert. Well si awer ze vill gedronk hat war de Führerschäi fort an et gouf e Fuerverbuet.

Bei enger weiderer Kontroll géint 1 Auer an der Iechternacher Strooss zu Grolënster gouf bei 2 Gefierer de Geroch vu Cannabis festgestallt. Béid Drogentester ware positiv, si hunn net duerfe weiderfueren an et gouf eng Plainte.