Duerch de Stuerm war ee Fliger méi séier wéi soss vun New York op London. Et gouf ee Rekord opgestallt.

Duerch de Stuerm gouf ongewollt ee Rekord opgestallt. Wéi Medie mellen, konnte e Vol vun New York op London ee Rekord opstellen. Sou hätt ee fir den Trajet 4 Stonnen a 56 Minutte gebraucht. An der Reegel brauch een an der Moyenne 6 Stonnen an 13 Minutten. Duerch déi gënschteg Loftstréimungen, gouf de Fliger no vir gedriwwen.