De Joaquin Phoenix krut en Oscar fir seng Roll am Film "Joker". De Film "Parasite" krut ënner anerem een Oscar fir de "beschte Film".

An der Nuecht op e Méindeg sinn d'Oscars verdeelt ginn.

De Joaquin Phoenix krut den Oscar fir de "beschten Haaptacteur" fir seng Roll am Film "Joker". D'Renée Zellweeger gouf als "beschten Haaptactrice" fir hir Roll am Film "Judy" ausgezeechent.

Grousse Gewënner vum Owend war de südkoreanesche Film „Parasite“. Fir déi eischte Keier iwwerhaapt huet een net-englesch-sproochege Film an der Kategorie „beschte Film“ gewonnen. Ausserdeem gouf et een Oscar fir déi  "bescht Regie", "beschten internationale Film" a fir dat "bescht Dréibuch".

De Brad Pitt an d'Laura Dern hunn d'Oscars als "bescht Niewenacteure" gewonnen. De 56 Joer ale Pitt gouf fir seng Roll am Quentin Tarantino sengem Film "Once upon a time in Hollywood" ausgezeechent, d'Dern fir "Marriage Story" vum Regisseur Noah Baumbach. "Once upon a time in Hollywood" krut och een Oscar fir de "beschte Produktiounsdesign".

Den Oscar fir de "beschten Animatiounsfilm" ass un "Toy Story 4" vum Josh Cooley gaangen. Fir dat "bescht adaptéiert Dréibuch" gouf den Neiséilänner Taika Waititi fir d'Satire "Jojo Rabbit" geéiert.

Een Oscar gouf et och fir den Elton John an der Kategorie "beschte Filmsong" fir de Song "I'm gonna love you again" aus dem Film "Rocketman".