De Stuerm "Sabine" huet zu Frankfurt am Main een Deel vun engem Baukran ëmgeknéckt an zum Deel duerch den Daach vum Frankfurter Dom gedréckt.

Och bei eisen Nopere suergt de Stuerm fir vill Asätz vun de Rettungsdéngschter.

An Däitschland sinn zum Beispill Deeler vun engem Baukran op de Frankfurter Dom gefall. Wéi et heescht wier een Deel vum Kran duerch den Daach vum Dom gedréckt ginn. Blesséiert gouf awer keen. Wéi héich de Materialschued ass, ass nach onkloer.

Den Zuchverkéier soll fréistens vun 10 Auer de Moien un nees rullen. Och hei bleiwen op ville Plazen d’Schoulen zou.

Am Schwarzwald goufe Wandvitesse vu bis zu 170 km/h gemooss.

A Groussbritannien an Irland waren e Sonndeg scho vill Leit ouni Stroum.