Bis e Méindeg 16 Auer war de CGDIS 239 Mol am Asaz. Wéinst dem Stuerm sinn nach ëmmer eng Partie Stroosse gespaart.

Wéinst dem Stuerm war de CGDIS bis e Méindeg am Nomëtteg 239 Mol am Asaz. Am Ganze goufen 2'047 Uriff traitéiert. D'Pont et Chaussées hunn eng 179 Mol missen intervenéieren. Ënner anerem wéinst Beem déi op d'Strooss oder op Autoe gefall sinn. Um Kierchbierg war dann ee Bam op den Tram gefall, den Tram rullt awer nees. Wéi et an engem Communiqué vum Inneministère heescht a wéi eis och de CGDIS confirméiert huet, gouf kee blesséiert.
Eng speziell Ekipp hat iwwerdeems missten zu Déifferdeng intervenéieren, well do e Kamäin bal vum Daach vun engem Haus erofgefall ass.

© CGDIS

Keng Regioun war besonnesch betraff, d'Asätz sinn deemno queesch duerch d'Land gezielt ginn, esou de Christopher Schuh vum CGDIS am Eldo-Interview. D'Wieder huet sech mëttlerweil berouegt, ma awer gëllt nach bis e Méindegowend eng Alerte Orange. D'Ekippe vum CGDIS sti weider prett, fir am Fall wann et néideg ass, ze intervenéieren.

De Christopher Schuh vum CGDIS:

A Punkto Héichwaasser goufen et bis ewell keng gréisser Asätz, ma et ass een awer virbereet. Esou leien am ganze Land eng 6.000 Sandsäck prett. Den zoustännege Service fir d'Previsioune vun Héichwaasser ass de Moment jo och an der Pré-alerte.
Während am Laf vum Méindeg d'Peegelen ausser un der Uewersauer an der Our gefall sinn, erwaart d'Waasserwirtschaftsamt, dass dës erëm an der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg wäerte klammen. Well d'Waasserleef voll sinn kéint dat esouguer ganz séier geschéien. Dat och bei nëmme kuerze Reephasen. Wéi et heescht kéint op d'mannst fir d'Uelzecht d'Meldestuf 2 bis den Dënschdeg de Mueren erreecht ginn.

Aktuell gespaarte Stroossen:

(Stand: 17 Auer 20)
CR157, Béiweng - Réiser

CR176, Déifferdeng-Rouden Haff

CR177-CR176, Lasauvage-Houssigny (F)

N37 zu Éilereng an der Zone Industrielle

An der Stad : d'Rue de Pulvermühl (PC1) tëscht der Rue Auguste Charles an dem Ierzewee bis Muer de Mëtteg 17.00 Auer.

All d'Detailer fann dir aktualiséiert

!

Et ass dann nach eemol den Opruff virsiichteg ze  bleiwen. De Méindeg den Owend an och an der Nuecht op en Dënschdeg ass mat weidere staarke Wandstéiss ze rechnen.