Wéi d'Police Méindegmoie matgedeelt hat, gouf d'Aire de Berchem a Richtung Stad fir eng gutt Stonn gespaart.

D'Aire de Berchem gouf e Méindegmoie fir eng gutt Stonn gespaart. Géint 9 Auer huet d'Police matgedeelt, datt d'Aire aus Sécherheetsgrënn zougemaach ginn ass.

Wéinst dem Stuerm si Stécker vum Daach vun der Tankstell ewechgeflunn.

Kuerz virun 10 Auer 30 ass matgedeelt ginn, datt d'Aire de Berchem nees op ass.