Eng Fra hat d'Kontroll iwwert hire Won verluer a krut e Bam ze paken. Ma d'Police huet awer misste feststellen, datt si ënnert Alkoholafloss stoung.

Kuerz viru Mëtternuecht e Sonndeg koum et op der N8 zu Simmer zu engem Accident. Eng Fra hat d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass doropshi géint e Bam gerannt. Wéi d'Police schreift gouf d'Affer net schwéier blesséiert. Um Auto ass awer Totalschued entstanen. Et huet sech iwwerdeems erausgestallt, datt d'Fra alkoholiséiert war. De Führerschäin ass net agezu ginn, géint si leeft awer elo eng Plainte.