Iwwer 17'500 Persounen aus EU-Länner hunn sech 2019 zu Lëtzebuerg niddergelooss. D'Demanden op international Protektioun sinn donieft erofgaangen.

D'lescht Joer hu sech e bëssen iwwer 17'543 Persounen aus der EU zu Lëtzebuerg niddergelooss, virop Portugisen, Fransousen, Italiener a Belsch. Dëst sot den Ausseminister Jean Asselborn de Méindeg bei der Presentatioun vum Bilan iwwer d'Immigratioun an den Asyl.

Wat d'Awanderung aus Drëttlänner ugeet, do géif dat familiärt Regruppement eng grouss Roll spillen. 2'289 Persoune sinn esou mat hire Famillen erëm zesummekomm.

Iwwerdeems hunn 2'047 Persounen eng Ufro fir international Protektioun gemaach, déi meescht dovu koume wéi och dat Joer virdrun aus Erithrea. 653 Persoune gouf an deem Sënn de Flüchtlingsstatut unerkannt, 397 Demande goufe refuséiert.