Net just zu Lëtzebuerg huet de Stuerm Chaos ugeriicht. A ganz Europa si bis ewell op d'mannst 4 Doudeger gezielt ginn.

Op d'mannst 4 Mënschen an Europa si wéinst dem Stuerm "Sabine" ëm d'Liewe komm. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, sinn d'Doudesfäll a Groussbritannien, Polen a Schweden gezielt ginn. A ville Länner koum et zu Verkéierschaos a Stroumausfäll. Honnert Flich hu missten e Méindeg ënnert anerem a Groussbritannien, Holland an och hei zu Lëtzebuerg gestrach ginn.

Am Südweste vu London koum e Mann ëm d'Liewen, wéi säin Auto vun engem Bam getraff gouf, dee wéinst dem Stuerm aus dem Buedem gerappt ginn ass. A Polen ass eng Fra an hir Duerschter duerch en Daach gestuerwen, dee vum Wand vun engem Gebai gerappt gouf. Am Süde vu Schweden ass e Mann ëm d'Liewe komm, wéi säi Boot ënnergaangen ass.

D'Pompjeeë waren am Dauer-Asaz, ma wéi de CGDIS Eldoradio géintiwwer confirméiert huet, soll sech d'Situatioun lues a lues berouegen. Bis e Méindegowend gëllt eng Alerte Orange, och ass viru liichtem Héichwaasser gewarnt ginn. Et wier ee prett, dat mat 6.000 Sandsäck, déi am Ganze Land prett géife stoen, esou de Christopher Schuh vum CGDIS.