D'Turbinne vum Lëtzebuerger A400M lafen, an den nächste Woche wäert en da fir déi éischte Kéier vum Buedem ofhiewen.

An e puer Woche soll de Lëtzebuerger Militärfliger Airbus A400M fir déi éischte Kéier starten. Dëst schreift Airbus an engem Bäitrag, deen de Méindeg vun der Lëtzebuerger Arméi op Twitter gedeelt ginn ass.
Do ze gesinn ass och e Video, wéi d'Turbinne getest ginn.

Am Dezember war d'Maschinn lackéiert a prett fir den Asaz am Numm vum Grand-Duché gemaach ginn. Wéi et do geheescht huet, soll den Transportfliger vu Mëtt Juni 2020 u vun der Base bei Bréissel aus operéieren.