Wéinst Graffitien op verschidde Plazen zu Lëntgen a Gousseldeng sicht d'Police elo no Zeien.

Wéinst direkt e puer Graffitien zu Lëntgen an zu Gousseldeng sicht d'Police no Zeien, déi hëllefe kënnen, d'Täter ze ermëttelen.

Den 29. Januar grad wéi den 2. Februar goufen um Terrain vun der Schoul "Schoulcampus Lëmbaach" zu Lëntgen, an enger Ënnerféierung zu Gousseldeng wéi och op e enger Partie Spillplazen a Bänke laanscht de Vëloswee "Route de Mersch" zu Gousseldeng Graffitie gesprayt.

Persounen, déi Informatiounen oder soss nëtzlech Hiweiser hunn, déi hëllefen déi onbekannt Täter ze fannen, solle sech beim Mierscher Policebüro (24490-1000) mellen.

© Police

© Police

© Police

Wéi et weider vun der Police heescht, sinn esou Akte vu Vandalismus kee Kavaléiersdelikt mä Strofdoten. Dës kënne mat enger Prisongsstrof tëscht 8 Deeg an engem Joer an enger Geldstrof tëscht 251€ a 5'000€ bestrooft ginn.