A China huet de Coronavirus mëttlerweil méi wéi 1.000 Mënschen d' Liewe kascht, dovun 100 Doudeger an de leschte 24 Stonnen.

Duerch den neie Coronavirus sinn a China mëttlerweil 1.106 Mënschen ëm d'Liewe komm, d'Zuel vun de confirméierten Infektioune läit bei 42.200.

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO beréit en Dënschdeg an e Mëttwoch zu Genève mat Experten iwwert de Virus. Et geet dorëms wéi d’Krankheet ausgebrach kéint sinn, wéi se iwwerdroe gëtt, a wéi een se behandele kann. R

En Donneschdeg wëllen d’ EU-Gesondheetsminister ënner anerem iwwert eenheetlech Reeskontrollen an déi séier Entwécklung vun engem Impfstoff géint de Virus beroden.