Op de Stroossen koum et e Méindeg Owend géint 19h00 zu Kruuchten an um 03h00 an der Nuecht op en Dënschdeg zu Beyeren zu zwee Verkéiersaccidenter.

Op der Streck vu Beyeren a Richtung Schëtter ass an der Nuecht vun en Méindeg op en Dënschdeg um 03h00 en Automobilist an e Bam gerannt de virdrun op d'Strooss gefall war. De Chauffer gouf blesséiert an ass fir weider Ënnersichungen an d'Spidol transportéiert ginn. Kuerz viru 05h00 ass de Bam vun der Strooss geraumt ginn.

Zu engem weideren Accident ass et e Méindeg Owend kuerz virun 19h00 an der Rue Neuve zu Kruuchten komm. Hei koum et zu Materialschued ouni Blesséierter. D'Automobilistin huet duerchernee gewierkt an doropshin ass d'Police op d'Plaz geruff ginn. Nodeems festgestallt ginn ass, dass d'Fra ënner Alkoholafloss stoung, krut si de Permis ofgeholl.