Wéi d'Gemeng confirméiert huet, ass d'Krunnewaasser zu Reisduerf de Moment verknascht. Et ass een um Problem drun.

Aktuell ginn et Problemer mam Drénkwaasser an der Gemeng Reisduerf. D'Waasser gouf bakteriell verknascht, deemno soll een et net einfach esou drénken.

Et gëtt geroden, d'Krunnewaasser op d'mannst 10 Minutten ofzekachen a Liewensmëttel net domat ze wäschen. Et ass een um Problem drun.

Esou bal sech d'Qualitéit vum Waasser verbessert huet, kréien d'Awunner Bescheed gesot.