All Joer gi Klappjuegte grad wéi Juegdschäiner kontrolléiert. Kuckt ee sech d'Zuelen aus de leschte Joren un, goufen 2019 am mannste Kontrolle gezielt.

Op déi lescht 6 Joer gekuckt goufen 2014 an 2016 mat jeeweils 49 Stéck déi meeschte Klappjuegte kontrolléiert. Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Dënschdeg op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen.

Déi Jore goufen och 2.944 Juegdschäiner kontrolléiert. 2019 waren et eng 19 Juegten an 714 Schäiner.

Wéi aus den Zuele vun der Ministesch weider ervirgeet goufen tëscht 2011 an 2019 am Ganze 25 Juegdschäiner agezunn.

© Screenshot QP