Fir e Prêt accordéiert ze kréien, ass en CDI dacks néideg. Ma dacks gëtt et aplaz en CDD. D'Regierung wëll esou Kontrakter limitéieren.

Tëscht Ufank 2017 an Ufank 2019 goufen zu Lëtzebuerg eng 256.230 Rekrutementer gezielt, dovunner waren der eng 71.880 CDDen, also contrats a durée déterminée. Dat äntwert den Aarbechtsminister Dan Kersch en Dënschdeg op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz.

Kuckt ee sech d'Zuelen un, ginn déi meescht CDDen fir eng Dauer vun 2 bis 6 Méint ofgeschloss. Dem Minister no wier d'Regierung der Meenung, datt CDIen (contrat a durée indéterminée) d'Reegel an CDDen d'Ausnam solle sinn. D'Gesetz géif CDDen deemno just a limitéierte Fäll virgesinn an et wéilt een och keng Mesuren huelen, CDDen zur Normalitéit ginn ze loossen. D'Zuele weisen awer och, datt et bannent 10 Joer eng Hausse bei den CDDe gouf. 2009 waren et 3,7%, 2019 da 5,6%.

Bei Verdachtsfäll gëtt d'ITM geschéckt, fir engem Verdacht no kënnen ze goen. Riets geet aktuell jo och vu méi Personal bei der ITM, dat kéint fir dës Kontrollen dann och als Virdeel genotzt ginn, fir dës ze verbesseren. Fest Aarbechtskontrakter spillen zum Beispill bei engem Prêt jo eng zentral Roll.