Säi Knascht op d'Strooss geheien zitt de Moment zu Lëtzebuerg nach keng gréisser Strofen no sech. Ma dat soll sech änneren.

D'Strofe fir Verstéiss géint d'Ëmweltgesetzer sinn zu Lëtzebuerg allgemeng relativ niddereg, dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro zum sougenannte

. Et wier een sech dem Problem bewosst, dofir wieren an neien Ëmweltgesetzer eng Hausse vun de Strofen an d'Verbesserung vun der Effektivitéit vum Strofesystem virgesinn.

Duerch d'Ännerung vun de Gesetzer wéinst neien EU-Direktiven, wäert dann och méi streng beim Littering duerchgegraff ginn, deen de Moment nëmme mat 25 Euro bestrof gëtt.

Weider wäert dann och d'Ofluede vun Offäll an der Natur explizit als illegal Aktivitéit mat abezu ginn.

© Ministère de l'Environnement