De weltwäiten Ausstouss vu Kuelendioxid ass am Energiesecteur no Date vun der IEA am leschte Joer net méi geklommen.

De weltwäiten Ausstouss vu Kuelendioxid ass am Energiesecteur no Date vun der internationaler Energieagence IEA 2019 net méi geklommen. An der EU sinn d’Emissiounen d’lescht Joer souguer ëm 5 Prozent zeréckgaangen, a Japan ëm 4 Prozent, an den USA ëm ronn 3 Prozent.

Trotzdeem bleift den Energiesecteur, zu deem och d’Stroumproduktioun zielt, nach ëmmer de gréisste Produzent vun CO2-Emissioune weltwäit. De Grond, dass den Ausstouss trotz Wirtschaftswuesstëm net geklommen ass, ass der IEA no, well ënner anerem ëmmer méi erneierbar Energien genotzt ginn a wéinst de mëllen Temperaturen sou dass Klimaanlage manner genotzt ginn.