Den US-President Trump huet déi gefuerdert 7-9 Joer laang Prisongsstrof géint säi fréiere Vertraute Roger Stone kritiséiert. Dat gëtt elo kritiséiert.

An den USA si 4 Procureure vun engem Prozess géint ee fréiere Vertrauten vum US-President Trump zeréckgetrueden. Si protestéieren domat géint eng Amëschung vum US-Justizministère an deem Fall. Si haten eng Prisongsstrof vu 7 bis 9 Joer géint de fréieren Trump-Beroder Stone gefuerdert. Dat wéinst senger Roll an der Russland-Affär. Den Trump huet dat gefuerdert Strofmooss als onfair an ee Feeler bezeechent. De Ministère huet dem Geriicht duerno eng däitlech manner héich Strof proposéiert.