D'Police huet e Freideg matgedeelt, datt déi zënter Ufank Februar vermësste Fra vu Gaasperech dout fonnt gouf.

Déi zënter dem 3. Februar vermësste Fra vu Gaasperech ass dëse Freideg dout fonnt ginn. Wéi d'Police matgedeelt huet gouf d'Läich am spéide Virmëtteg am Kader vun enger grousser Sichaktioun tëscht Hënsdref a Pretten entdeckt.

Eng 70 Polizisten an och Beamte vum SPJ waren hei am Asaz. De Parquet huet eng Autopsie ugefrot, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.

© Police