Am Kader vun enger Iwwerpréiwung huet d'Police en Dënschdeg en Drogendealer festgeholl. De Mann muss sech virum Untersuchungsriichter veräntweren.

An engem Lokal an der Route de Thionville an der Stad ass en Dënschdeg géint 11 Auer en Drogendealer gestallt ginn. Wéi d'Police schreift hat de Mann 60 Gramm Heroin, Boergeld an zwee Handyen dobäi. Op Uerder vum Parquet ass hie festgeholl ginn a soll haut am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter kommen. D'Droge grad wéi d'Suen an d'Handye si séchergestallt ginn.