Weltwäit notzen iwwer 2 Milliarden Notzer de Messenger-Déngscht. Am Januar 2018 waren et der nach 1,5 Milliarden.

De Messenger-Déngscht WhatsApp, dee jo zu Facebook gehéiert, huet haut gemellt, dass d'Zuel vun de weltwäiten Notzer an der Tëschenzäit op iwwer 2 Milliarde geklommen ass.

Ma et wéist een och, dass een d'Date vun deene Cliente muss schützen, esou den Déngscht am eegene Blog. An deem Sënn huet WhatsApp verséchert, dass all Message ganz staark geséchert wier, dat mat enger Zort digitalem Schlass, dat net ze knacke wier.