Bei Kontrollen am Pafendall, zu Miersch an zu Ettelbréck, respektiv an den Zich, déi dotëscht Fueren, goufen an 11 Fäll Drogen entdeckt.

Den Dënschdeg am Nomëtteg hat d'Police an de Garen am Pafendall, zu Miersch an zu Ettelbréck gréisser Kontrollen duerchgefouert. Dat selwecht och an den Zich, déi op dëser Streck fueren. Ënner anerem waren och d'Drogenhënn am Asaz.

Um Enn goufen dunn och eng Rëtsch Verstéiss a Relatioun mat Droge festgestallt. Zesumme gouf géint 11 Persounen eng Plainte wéinst dem Besëtz vun Droge gemaach.