De Mobile World Congress zu Barcelona gouf wéinst dem Coronavirus ofgesot. Vill Entreprise hunn sech ofgemellt.

Aus Angscht virum neie Coronavirus ass de bekannte Mobile World Congress zu Barcelona ofgesot ginn. Et ass eng vun de wichtegste Foire weltwäit. Normalerweis si vill Aussteller a Visiteuren aus Asien do. Si hätt sollen an 11 Deeg sinn. Vill Entreprisen haten am Virfeld matgedeelt, dass se net op Barcelona kommen, aus Angscht ëm d’Gesondheet vun hire Mataarbechter. D‘Foire ass ee wichtege Wirtschaftsfacteur fir d‘Regioun. Och d’Formel 1 huet aus Angscht virum Virus d’Course zu Shanghai ofgesot.

Duerch den neie Coronavirus sinn a China bis ewell iwwer 1.300 Mënsche gestuerwen. D’Zuel vun den Infizéierten ass däitlech op 60.000 geklommen. Virun allem well déi chineesesch Autoritéiten, Mënschen elo méi séier als infizéiert astuufen. D’Prozedur vun der Diagnos vum Virus gouf ausgebreet.