Fuerscher hunn op der Seymour Insel am Ufank Februar eng Rekordtemperatur vun 20,7 Grad gemooss.

An der Antarktis si fir déi éischte Kéier Temperaturë vun iwwer 20 Grad registréiert ginn. De Fuerscher no goufen Ufank Februar op der Seymour-Insel 20,7 Grad gemooss. D’Duerchschnëttstemperatur läit ëm dës Zäit normalerweis net iwwert dem Gefréierpunkt.

Dem EU-Klimawandel-Déngscht Copernicus no war de Januar 2020 weltwäit de wäermste Januar an Europa zënter dem Ufank vun den Opzeechnungen vun 1981.