Virum Tempodrom zu Berlin-Kreuzberg haten d'Täter ëm sech geschoss.

Wéi déi däitsch Police mellt, gouf Freides owes virum Tempodrom zu Berlin-Kreuzberg wärend enger türkescher Comedyshow ëm sech geschoss. Eng Persoun ass ëm d’Liewe komm, an 3 weider  Persoune goufe blesséiert. D'Visiteure goufen aus den Noutausgäng vum Tempodrom erausbruecht. Wéi Reportere vun der Plaz matgedeelt haten, wier d'Stëmmung roueg bliwwen.

Um 1 Auer nuets hat déi däitsch Police op Twitter matgedeelt, dass d'Täter op der Flucht sinn. Weider Informatioune ginn et nach keng.