Een 80 Järegen Tourist aus China ass a Frankräich um neie Coronavirus gestuerwen.

Et ass den 1. Doudesfall ausserhalb vun Asien, an den éischten an Europa. Och d'Sécherheetsmesure ginn ëmmer méi streng. D'Banken desinfizéieren deemno déi gebrauchte Banknouten a spären se fir 14 Deeg ewech. Cliente kréien esoulaang just nei Geldschäiner.

Den ägyptesche Gesondheetsministère huet um Freideg een éischten Infizéierten um afrikanesche Kontinent gemellt. De Patient kënnt aus dem Ausland a weist keng Symptomer un den Otemweeër. Hien ass an engem Spidol isoléiert ginn.

An de leschte Wochen haten Experte virun enger Ausbreedung an Afrika gewarnt, virun allem wéinst der schlechter Gesondheetsversuergung. A China läit d'Zuel vun den Infizéierte bei 66.492, 1.523 Persounen si bis ewell gestuerwen.