Géint den R&B-Sänger R. Kelly gëtt et e neie Virworf wéinst Kannermëssbrauch.

Wéinst fënnef Fäll gëtt géint de Sänger ermëttelt, ee sechsten ass elo bäikomm. Deemno soll ee weidert Affer sech wéinst Mëssbrauch gemellt hunn.

Den R. Kelly steet ënnert anerem wéinst Kannerpornografie viru Geriicht, och soll hien sech beim Geschlechtsverkéier mat Mannerjärege gefilmt hunn. Weider gëtt him virgeheit, dass hien am éischte Prozess 2008 Zeie bezuelt hätt, fir dass si net aussoen. Hie gouf fräigesprach. 
De nächste Prozess ass fir de 27. Abrëll virgesinn, wéinst dem neie Fall kéint dësen allerdéngs no vir verréckelt ginn, esou d'Ermëttlungsautoritéiten.