Dräi Wochen nom déidlechen Helikopterongléck gouf de Kobe Bryant elo fir d’Opnam an der Basket Hall of Fame virgeschloen.

D’Entscheedung gëtt de 4. Abrëll getraff, 18 vu 24 Membere mussen dofir stëmmen. D’Nominéierung gëtt ëmmer 3 Joer nom Enn vun der Karriär virgesinn, de Kobe Bryant hat no der Saison 2015-2016 opgehalen.