De sougenannten "Branded Content" mat politeschem Contenu gëtt op Facebook erlaabt.

Der Noriichtenagence AFP no hätt ee politesch Posts duerch Influencer bis ewell versicht ze verhënneren. Mëttlerweil géif een allerdéngs iwwert Verännerungen nodenken. 
Deemno benotze Politiker wéi de Bloomberg politesch Memes, déi virun allem jonk Leit usprieche sollen, a loossen se vun Influencer verëffentlechen. Doduerch ëmginn si d'Reegel, präiszeginn, wéivill Suen si fir d'Reklamm ausginn hunn.

Kritiker gräife genau dëse Punkt op, a soen dass d'Posts esou nach manner reguléiert sinn.

Wéi d'Noriichtenagence AFP nach matgedeelt huet, rechent een enger Etüd no mat Ausgabe vu sechs Milliarden Euro fir déi nächst Presidentschaftswalen, dat wieren 63% méi wéi viru 4 Joer.