De Virus soll sech enorm séier verbreeden. Wei déidlech e wierklech ass, ass de Moment nach net gewosst.

Am amerikanesche Bundesstaat Seattle hu Fuerscher déi neisten Erkenntnisser iwwert de Coronavirus presentéiert. De Virus, deen elo offiziell Covid-19 genannt gëtt, an de SARS-Virus sollen deemno méi enk matenee verwannt si, wéi bis elo ugeholl. Virun 20 bis 70 Joer, sollen si sech aus dem selwechte Virus entwéckelt hunn. Iwwerdeems ginn d'Fuerscher dovun aus, dass d'Zuel vun den Infizéierten däitlech méi héich ass, ewéi déi offiziell Zuel vu ronn 67 000. Si gi vun iwwer 200 000 Infizéierten aus.

7 Epidemie mat Coronavire goufen et de Fuerscher no wärend de leschte Joren. Alleguerte goufen se no enger Zäit agedämmt. Op dat bei dësem neie Virus och de Fall wäert si, kéint een de Moment awer nach net soen. Dem Epidemiolog Scott Dowell no, géif beim neie Coronavirus villes dorops hindeiten, dass dëse besonnesch geféierlech wier. Dëst well e sech besonnesch séier verbreede géing a nach net gewosst ass, wéi déidlech e wierklech wier.

Weiderhi rifft den Dowell dozou op Afrika bei der Bekämpfung vum Virus ze ënnerstëtzen. Dëst well Afrika wéinst senger schlechter Gesondheets-Infrastruktur an den enke Relatioune mat China zu enger Zort Epizentrum fir déi weider Verbreedung vum Virus kéint ginn.