Den Organisateuren no hunn 18.000 Leit un der Demonstratioun deelgeholl.

Zur Erfurt am däitsche Bundesland Thüringen hunn e Samschden Nomëtten dausende Mënsche géint eng politesch Kooperatioun mat der rietspopulistescher Partei AFD demonstréiert. D'Demonstratioun gouf vum däitsche Gewerkschaftsbond organiséiert. Den Organisateuren no, hu ronn 18.000 Leit un der Demonstratioun deelgeholl. D'Police schwätzt vu 9.000 Demonstranten. Zanterdeem sech den FDP-Politiker Thomas Kemmerich lescht Woch mat de Stëmme vun der AFD zum Ministerpresident vun Thüringe wiele gelooss huet, goufen et a ganz Däitschland Demonstratiounen. De Kemmerich ass antëscht als Ministerpresident zeréckgetrueden.