Bei Mannheim (D) ass e Chimie-Experiment an der Schoul mësslongen. E 14-järege Schüler huet staark Verbrennungen ausgestanen.

Bei engem Chimie-Experiment an enger Schoul zu Weinheim bei Mannheim (D) ass e 14-järege Schüler schwéier verwonnt ginn. Hien huet Verbrennungen un den Hänn an am Gesiicht a gouf mam Helikopter an d'Spidol geflunn, wéi d'Police vu Mannheim matgedeelt huet.

De Virfall ass am Kader vun de Portes ouvertes vun der Schoul geschitt. Do gouf eng Chimie-Virféierung gemaach, déi mësslongen ass. Och eng Mamm an hiert Kand goufen an d'Spidol bruecht.