52 Matcher an 12 Stied an op 2 Kontinenter: D'Spiller a Fans musse fir d'EM wäit Weeër fueren. Fir Ëmweltschützer ass dat en Desaster.

Déi nächst Fussball-Europameeschterschaft gëtt an 12 verschiddene Stied op 2 Kontinenter gespillt. Nach ni hu Spiller a Fans bei engem Tournoi esou wäit Weeër misse maachen. Den europäesche Fussballverband wëllt domat dat 60-järegt Jubiläum vun der EM feieren. Fir Ëmweltschützer ass dat Ganzt awer e richtegt ekologescht Desaster.

Bis elo war d'EM ëmmer an engem Land. 2016 zum Beispill a Frankräich. Hei ass en Hin- an e Réckfluch a Frankräich duergaangen, fir all d'Spiller ze gesinn. Dëst Joer wäerten awer vill méi Flich a Reesen noutwenneg sinn. Doduerch ginn honnertdausende Kilometer vu Spiller a Fans zeréckgeluecht, wat e risegen CO2-Ofdrock hannerléisst.

D'UEFA wiert sech géint d'Kritik vu grénge Politiker an
Ëmweltverbänn: D'EM 2020 géif de "bis elo ëmweltfrëndlechsten Tournoi" ginn. Op de Spilldeeg soll den ëffentlechen Transport fir d'Zuschauer gratis sinn an et soll méi Dréck aus de Stadionspoubellen recycléiert ginn. Och wier fir d'EM nëmmen ee Stadion nei gebaut ginn, nämlech zu Budapest. Doduerch wieren "enorm ekologesch Käschte beim Verbrauch vun Energie a Beton gespuert ginn", esou d'UEFA weider.

Och wëllt d'UEFA a Klimaschutzprojeten investéieren. An all bedeelegt Land solle 50.000 Beem geplanzt ginn.