De 16. Februar huet Lëtzebuerg seng Ressource fir d'Joer 2020 verbraucht. Vun elo u liewe mir op Käschte vun den zukünftege Generatiounen.

De 16. Februar huet Lëtzebuerg d'Ressource vum Joer 2020 verbraucht. Wann d'ganz Welt géif esou liewen wéi déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, wiere all d'natierlech Ressourcen (Waasser, Fësch, Beem, Buedem) opgebraucht, déi d'Äerd an engem Joer ka produzéieren. Déi aner 10 Méint vum Joer liewe mir also op Käschte vun den zukünftege Generatiounen, andeems mir d'Ressource vun den nächste Jore verbrauchen.

Nëmmen de Katar huet e méi héijen ökologesche Foussofdrock wéi Lëtzebuerg. Kleng Staaten mat enger niddreger Awunnerzuel hunn dacks en immens héijen ökologesche Foussofdrock. Fir d'Lëtzebuerger Politik ass kloer, datt den héijen CO2-Verbrauch mam Verkaf vu Pëtrolsproduiten un auslännesch Camionen an Autoe zesummenhänkt.

© Earth Overshoot Day / Eldoradio

Den Earth Overshoot Day gëtt all Joer vun der Organisatioun Global Footprint Network ausgerechent. Et gëtt fir all Land en eenzelen Overshoot Day an ee fir d'Welt. Den Äerd-Iwwerlaaschtungsdag soll symbolesch duerstellen, datt mir ze vill Ressource verbrauchen.

Zënter Joren réckelt den Earth Overshoot Day ëmmer weider no vir. Ufanks vun de 70er Joren  e beim 29. Dezember, an de leschte Jore louch war deen Dag ëmmer schonn am August oder souguer Enn Juli.