Um Samschdeg sinn der Police vill Abréch uechter d'Land gemellt ginn. Dowéinst verweist si op d'Abroch-Preventioun.

E Samschdeg am Nomëtteg gouf der Police een Abroch an een Eefamilljenhaus zu Munneref gemellt. Onbekannter sinn duerch eng Fënster an d’Haus erakomm. D’Police ermëttelt elo.

E Samschdeg den Owend koum et dann zu Ierpeldeng, um Lampertsbierg an zu Hollerech zu Abréch a Wunnengen.

Informatiounen a Rotschléi fir d'Preventioun vun Abréch kann een um Site vun der Police noliesen.

E Samschdeg am Nomëtteg gouf dann der Police ee Camion gemellt deen am Zickzack op der Autobunn gefuer ass. Dëse gouf op der A6 kuerz no der Ausfaart Bartreng a Richtung Belsch vun der Police gestoppt a kontrolléiert. De Chauffer war alkoholiséiert. De Camion gouf immobiliséiert an der Permis gouf agezunn.