De Stuerm "Dennis" huet gréisser Iwwerschwemmungen a Groussbritannien verursaacht. Op d'mannst eng Persoun ass a Wales ëm d'Liewe komm.

A Groussbritannien bleift den Héichwaasser-Risiko nom Stuerm "Dennis" Experten no nach Deeg laang bestoen. De Wiederdéngscht huet viru schwéieren Iwwerschwemmungen a Liewensgefor gewarnt. Am Ganze si bal 300 där Warnungen erausgaangen. Méi wéi 1.000 Mënschen hunn hir Haiser scho misste verloossen. D'Regierung gëtt iwwerdeems kritiséiert, net genuch a Punkto Krisemanagement ze maachen.

De Weekend iwwer war besonnesch Wales betraff. Hei huet e Sonndeg déi héchsten Alarmstuf gegëllt. A ganz England haten d'Autoritéiten e Sonndeg 600 Warnungen erausginn. De Stuerm hat fir Iwwerschwemmungen, Verkéierschaos a Stroumausfäll gesuergt.

Am Süde vu Wales gouf wéinst dem staarke Reen déi héchste Warnstuf ausgeruff. Et goufe Wandvitessë vu bis zu 150 km/h gemooss. D’Ëmweltamt huet ronn 600 Warnunge wéinst Iwwerschwemmungen gezielt. Op d’mannst ee Mënsch ass duerch d’Onwieder ëm d’Liewe komm.

A Frankräich si 18.000 Wunnengen an der Bretagne ouni Stroum. Dat huet d‘Stroum-Firma Enedis e Sonndeg bestätegt. Och den Zuchverkéier ass vum Stuerm betraff. Wandstéiss vu bis zu 120 Stonnekilometer sinn an dëser Regioun z’erwaarden.