Wéi et vun der Noorichtenagence AFP heescht goufen d'Amerikaner, déi u Bord vum Croisièreschëff dat bei Japan läit an ënner Quarantän steet, evakuéiert.

D’Amerikaner déi um Croisièresschëff „Diamond Princess“ dat viru Japan läit an ënner Quarantän steet, sinn e Sonndeg evakuéiert ginn. Dat huet d’Noriichtenagence AFP matgedeelt. Bis elo sinn 355 Persounen u Bord mam Coronavirus infizéiert. D’Schëff steet schonn zënter 2 Wochen ënner Quarantän. D’US-Autoritéiten hunn hire Matbierger proposéiert d’Schëff ze verloossen an heemzefléien. Do wäerten si och wärend 14 Deeg isoléiert ginn. Verschidden Amerikaner wollten awer d'Schëff net verloossen a waarde bis d'Quarantän-Period eriwwer ass. Verschidden aner Länner wëllen hir Matbierger och aus dem Schëff evakuéiere wéi Kanada, Italien, Australien an Taiwan.