Wéi den NBA-Kommissär matgedeelt huet gëtt elo de Präis vum beschte Spiller vum All-Star Game vun der NBA mam "Kobe-Bryant-Trophy" ausgezeechent.

Am Basket gëtt elo de Präis vum beschte Spiller vum All-Star Game vun der NBA mam "Kobe-Bryant-Trophy" ausgezeechent. Dëse Präis gouf zu Éieren vun der verstuerwener Basket-Legend ëmgedeeft. Dat huet de Kommissär vun der NBA matgedeelt. Bei dësem All-Star Game spillen déi bescht Spiller vun der Liga géinteneen.