D’Ausleefer vum Stuerm „Dennis“ sinn e Sonndeg iwwer Lëtzebuerg ewech gezunn. Ënner anerem goufen et Asätz wéinst beschiedegt Diecher.

Duerch de staarke Wand an de leschte Stonnen, hunn d’Rettungsdéngschter e puer mol missen an den Asaz.

Wéi den 112 um Méindegmoie matdeelt, war ee 5 mol am Asaz wéinst Géigestänn déi fortgeflunn sinn, 2 mol wéinst beschiedegt Diecher an 12 mol wéinst Beem oder Äscht déi op der Strooss loungen.