Digital Date ginn an der Landwirtschaft zum Beispill duerch den Asaz vun Dronen oder Navigatiounssystemer an Trakteren, generéiert.

De Landwirtschaftsministère schafft aktuell un enger Plattform op där Donnéeën déi an der Landwirtschaft generéiert gi, solle gespäichert ginn. Dat äntwert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas. All Bauer soll iwwert dës Plattform Zougrëff op seng Donnéeë kréien. Sief et op seng perséinlech Donnéeën oder op digital Daten déi duerch den Asaz vu sougenannte „Precision Farming Tools“ entstinn.

Ënner "Precision Farming Tools" versteet een Digital Technologië déi an der Landwirtschaft agesat ginn. Esou notze verschidde Lëtzebuerger Baueren Digital Systemer mat deenen si am Viraus erkenne kënnen, ob eng vun hire Planze krank gëtt. Esou kënnen des Baueren den optimalen Zäitpunkt erkenne fir géint esou eng Krankheet virzegoen. Am Kader vum Projet "Digital pilot farms" gëtt iwwerdeems un engem Outil geschafft deen de Baueren dobäi hëllefe soll dat richtegt Planzeschutzmëttel anzesetzen. Dofir soll Dësen déi aktuell Wiederkonditiounen an d'Krankheeten déi dem Bauer seng Planze kéinte kréien analyséieren.

Weiderhin hunn ëmmer méi Baueren Navigatiounssystemer an hiren Trakteren installéiert. Mat Hëllef vun dësen, kënnen si opzeechnen, wou si scho geséint hunn oder scho Planzeschutzmëttel agesat hunn. Doduerch ka verhënnert gi, dass op der selwechter Plaz zweemol geséit gëtt an, dass doduerch Ressource verschwent ginn.

Am Wäibau sinn den Ament nach keng "Precision Farming Tools" am Asaz. Am Laf vun dësem Joer soll eng Firma awer e System, deen et erlaabt, Planzeschutzmëttel mat Dronen op Wéngerten ze verdeelen, op de Marché bréngen.