Der Police goufe vu Fäll vu Vandalismus an de Gemenge Géisdref a Wolz gemellt. Wéi et heescht koum et zu enger Partie Beschiedegungen.

An engem Fall vu Vandalismus aus dem Dezember zejoert sicht d'Police elo no Zeien. An der Nuecht vum 23. op de 24. Dezember goufen an de Gemenge Géisdref a Wolz Saache beschiedegt a mat Eeër op Haiser gehäit. Déi betraffe Persoune sollen sech bei der Police vu Wolz mellen. D'Telefonsnummer ass den 244891000.