Wärend de leschten 3 Joer ass d'Zuel vun de Fäll vu Kannerpornografie am Internet kontinuéierlech geklommen.

3039 Mol gouf dem Kanner- a Jugendtelefon zejoert Fäll vu kannerpornografeschen Inhalter am Internet gemellt. Dat äntweren Justizministesch Sam Tanson, de Minister vun der bannenzegster Sécherheet François Bausch an den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Nancy Arendt.

2327 dovunner goufen un d'Police weider geleet. Op déi lescht 3 Joer gekuckt sinn esouwuel d'Zuele vun de Meldunge beim Kanner- a Jugendtelefon ewéi och d'Zuel vun de Fäll déi un d'Police weider geleet goufen, geklommen. Aktuell schaffe bei der Police 31 Beamten am Beräich vum Jugendschutz.

13 vun hinne schaffe beim Service vun der "Protection de la Jeunesse et infractions à caractère sexuell" vun der Police Judiciaire. 18 schaffen am Beräich  "Maltraitance contre mineurs et délinquance juvénil". Zejoert goufe 25 Persounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mat der Verbreedung vu kannerpornografesche Material verurteelt.