Iwwer 90 Prozent vun den Autoen déi zejoert zu Lëtzebuerg ugemellt goufen hunn e Verbrennungsmotor. Nëmmen 1,8 Prozent haten en Elektromotor.

67.656 nei Gefierer goufen zejoert zu Lëtzebuerg ugemellt. Dat äntwert de Minister fir d'Mobilitéit François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen. Vun dëse Gefierer ware 55.008 Autoe vun deene 25.332 op Privatleit ugemellt goufen.

Vun dëse 55.008 nei ugemellten Autoen hunn der 92,5 Prozent e Verbrennungsmotor. Nëmme 4 Prozent waren Hybridautoen. 3,5 Prozent haten e Motor deen een opluede kann. Vun dëse sinn 1,8 Prozent sougenannten "Plug-in Hybriden" an 1,8 Prozent sinn Elektroautoen.