Wéinst engem Äerdrutsch gouf d'Streck gespaart, ma ass zënter dem 4. Mäerz nees op.

Wéinst engem Äerdrutsch de 14. Februar gouf d'N10 bei Waasserbëlleg op der Kräizung fir erop op d'A1 gespaart. Ma anescht wéi ufanks ugekënnegt, ass d'Strooss elo schonn nees op. Dat huet den ACL e Mëttwoch matgedeelt. Leschte Mount war nach vun Enn Mäerz riets. De 14. Februar hate sech direkt e puer Stécker geléist a sinn erof a Richtung Strooss gerullt. Aus Sécherheetsgrënn gouf d'Streck gespaart.