Wéinst den héije Präisser fir Immobilien an de méi deiere Loyere stellt sech d'Fro op Lëtzebuerg als Standuert fir auslännesch Bierger attraktiv ass.

Beaflossen di héich Immobiliëpräisser a Loyeren d'Kompetitivitéit an d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg? Dat huet den Deputéierte Sven Clement de Finanzminister gefrot. Dem Pierre Gramegna no zielt Lëtzebuerg reegelméisseg zu de kompetitiivsten an attraktiivste Länner an Europa fir auslännesch Talenter.

Donieft wier och d'Ekonomie vum Land zënter 2013 an der Moyenne ëm 3,5% pro Joer gewuess an den Taux vun de Salariéeën aus dem Ausland, déi hei wunnen, ëm 3,4%. Dat nämmlecht gëllt fir den Aarbechtsmaart, hei geet vun engem Wuesstem vun 3% riets.

Et wéilt een awer mat der nächster Steierreform weider Moossnamen huelen, fir d'Offer u bezuelbarem Wunnraum ze verbesseren, esou de Minister.