Iwwer 50 Déiere sollen un de Suitte vum Brand am Zoo an der Silvesternuecht ëm d'Liewe komm sinn.

Beim Brand am Krefelder Zoo an der Silvesternuecht solle méi Déieren ëm d'Liewe komm sinn, wéi bis ewell bekannt. Däitsch Medie schreiwen dëse Méindeg, datt an engem Entworf vum Stadrot ze liesen ass, datt net méi wéi 30, mee iwwer 50 Déiere gestuerwe sinn.

2 Schimpansen, déi de Virfall iwwerlieft hunn, wieren um Wee vun der Besserung. E Méindeg huet ee mat den Opbauaarbechten ugefaangen, a 4 bis 6 Woche wëll ee fäerdeg sinn.

D'Fraen, déi wuel fir de Brand responsabel sinn, hate sech fräiwëlleg bei der Police gemellt. D'Afenhaus war duerch sougenannten "Himmelslaternen" a Brand geroden.