Ee vun de Membere vum Grupp, dee lescht Woch an Däitschland opgedeckt ginn ass, soll iwwerdeems en Informant vun der Police sinn.

Déi däitsch Police hat beim Opdecke vun enger presuméierter rietser Terrorzell en Informant ageschleist. ARD-Recherchen no gouf deen 13. Verdächtegen dowéinst net festgeholl.

Wéi et heescht hätt hie scho leschten Hierscht bei der Police ausgesot, déi aner Membere vum Grupp hat hien awer net doriwwer informéiert. Well de Kontakt zum Informant rezent ofgebrach war, hunn d'Ermëttler decidéiert, zouzegräifen.

D'Membere sollen Ugrëff op 6 Moscheeën a klenge Stied geplangt hunn. Wéi ënnert anerem d'dpa matgedeelt huet, gëllen d'Pläng als besonnesch eeschte Fall. Zënter dem Weekend sëtzen 12 Männer wéinst de Virwërf vu geplangten Uschléi an Untersuchungshaft.