An der Vergaangenheet gouf den Jeff Bezos fir kleng Zommen u Spende kritiséiert. Elo wëll hien 9 Milliarden Euro fir Klimaschutz-Projete spenden.

De Chef vun Amazon wëll méi wéi 9 Milliarden Euro ausginn fir d’Klima ze retten. Dat huet hien op Instagram matgedeelt. De Klimawandel wier di gréisste Menace fir eise Planéit, esou den Jeff Bezos.

Hie wëll mat aneren zesummeschaffen, fir déi uerg Suitte vun der Äerderwiermung ze bekämpfen. Dofir huet hien d'Stëftung "Bezos Earth Fund" gegrënnt. Domat solle Wëssenschaftler, Klimaaktivisten an Netregierungs-Organisatiounen finanziell ënnerstëtzt ginn.

D'Annonce vum Amazon-Chef ass bei sengen eegene Mataarbechter net op vill Versteesdemech gestouss. De Grupp "Amazon-Mataarbechter fir Klima-Gerechtegkeet" huet op Twitter reagéiert. Dëse Geste wier grousszügeg vum Jeff Bezos, ma Amazon misst mol selwer méi ëmweltfrëndlech ginn.